Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Bal ee Joer nom Akraafttrieden vum Gesetz fir d’interkulturellt Zesummeliewe bleift d’Fro, wéi een dës Ambitioun wierklech an eisem Alldag verankere kann. Dës Carte Blanche ënnersträicht d’Bedeitung vu sozialer Gerechtegkeet als Fundament fir en Zesummeliewen, wou all Bierger sech wierklech bedeelege kann. D'Soziologin Jessica Lopes.....…
  continue reading
 
E Freideg sinn 80 nei Arméi-Gefierer presentéiert ginn. Bis 2030 wäerte sech d'Lëtzebuerger Defenseausgabe verduebelen. Wéi kréie mir et hin, dass en Deel vun dësen Ausgaben der nationaler Wirtschaft zegutt kënnt? Eng Carte Blanche vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.由RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
All Schoul zu Lëtzebuerg muss all 3 Joer en neie Schoulentwécklungsplang opstellen, deen eng strukturéiert a koherent pedagogesch Approche fir déi ganz Schoulgemeinschaft soll garantéieren. An der Theorie ass dëst e wonnerbaart Instrument, mat dem der Diversitéit vu Sproochen a Kulturen an eise Schoulen optimal Rechnung gedroe kéint ginn. An der Re…
  continue reading
 
Vun der Work-Life-Balance zur Screen-Life-Balance. Wien ze schwach ass fir den Smartphone selwer auszemachen an aus der Hand ze ginn soll mat schwache Mesuren dobäi gehollëf kréien. De Versuch eng verpassten medienpäagogesch Erzéiung duerch Verbuetsregeln awer nach ze klären. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.…
  continue reading
 
Wou geet et dëst Joer an d'Vakanz? Dat ass an de Summerméint déi Fro déi am heefegsten opkënnt. Déi meescht vun eis freeë sech op méi oder wéineger exotesch Vakanzendestinatioune fir dem Alldag z'entkommen a sech verwinnen ze loossen. Reesen ass ëmmer méi einfach an accessibel a Reesen erweidert de perséinlechen Horizont. U séch eng gutt Saach, mee…
  continue reading
 
De Kampf géint d’Wäisswäsche vu Gelder bréngt mat sech datt de Client vun enger Bank vill a schwéierfälleg Formalitéiten erfëlle muss. Dat stéisst op vill Onverständnes. An dëser Carte Blanche gëtt d’Fro opgeworf, ob et wierklech néideg ass bei klengen a bescheidenen Persounen an Associatiounen esou genee ze reglementéieren. Misst do net de Prinzip…
  continue reading
 
Vill Associatiounen an Institutiounen hu sech an der lescht mam Thema Kanneraarmut zu Lëtzebuerg befaasst. Sief dat d’Deputéiertechamber, d’Caritas oder och den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. An dat zu Recht, well leider ass et en Thema mat dem een sech am räiche Lëtzebuerg muss befaassen, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des…
  continue reading
 
Bei den EU-Walen e Sonndeg entscheet sech déi zukünfteg Ausriichtung vun der europäescher Unioun. Kann eis Groussregioun e Model si wéi eng gutt a staark europäescht Zesummenaarbecht funktionéiere kann? Dozou Iwwerleeungen vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.由RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
"La grand fossé" oder firwat zitt sech am Lëtzebuerger Schoulsystem zënter enger gefillter Éiwegkeet e Gruef tëscht der Primärschoul an dem Lycée. Wat den Astérix domadder ze dinn huet a wou de Schong dréckt bei der Orientatioun an Evaluatioun vum zukünftege mëndege Bierger. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.…
  continue reading
 
D'Wale fir d'EU-Parlament de 9. Juni sinn déi lescht vun de Superwaljoren 2023-2024. Och wann d'Europäesch Unioun dacks wäit ewech schéngt, sou ass se an eisem Alldag ganz present. Schonn eleng dowéinst ass et derwäert, sech fir déi Walen z'intresséieren, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.…
  continue reading
 
Liewe mir responsabel, am Aklang mat eis, der Gesellschaft an den nächste Generatiounen? Oder maache mir nëmme wéi wann a sinn egoistesch soubal mer net ënner Observatioun stinn? Dozou e puer Iwwerleeunge vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.由RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
An deenen nächste Woche wäerten zu Lëtzebuerg an der Chamber d’Debatten iwwert de Staatsbudget 2024 stattfannen. Dat mat e bësse Verspéidung, well duerch d’Walen am Oktober 2023 elo eréischt den definitive Budget fir dëst Joer kann ugeholl ginn. Bei deenen Debatte misst d’Steiergerechtegkeet och en Thema sinn, mengt de Sylvain Hoffmann, Direkter vu…
  continue reading
 
Loading …

快速参考指南